746 Milliounen EuroVerwaltungsgeriicht annuléiert Geldstrof fir Amazon

RTL Lëtzebuerg
D'Verwaltungsgeriicht huet zwar Verstéiss géint d'RGPD-, also d'Dateschutzreegele confirméiert, mä d'Dateschutzkommissioun hätt déi virsätzlech a farlässeg Schold net iwwerpréift an d'Strof quasi automatesch gesprach.
© AFP

D’Verwaltungsgeriicht huet en Donneschdeg eng ganz héich Geldstrof vun der CNPD aus dem Juli 2021 géint den Online-Händler Amazon annuléier an de Fall zréck verwisen.

Et geet ëm eng Geldstrof vu 746 Milliounen Euro, déi déi national Dateschutz-Kommissioun géint ee vun de groussen, weltwäiten Acteuren am Onlinehandel decidéiert hat.

D’Verwaltungsgeriicht huet zwar Verstéiss géint d’RGPD-, also d’Dateschutzreegele confirméiert, mä d’Dateschutzkommissioun hätt déi virsätzlech a farlässeg Schold net iwwerpréift an d’Strof quasi automatesch gesprach. Eng Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff vun 2023 verlaangt awer eng Iwwerpréiwung.

D’CNPD muss elo nobesseren.

Weider Detailer am Schreiwes

CNPD reagéiert an engem Pressecommuniqué

D’CNPD ass zefridde mat der Entscheedung vun der Cour administrative, déi hir Haaptkrittiken un Amazon confirméiert: D’Firma hat keen zolitte gesetzleche Grond fir d’Veraarbechte vu perséinlechen Donnéeën am Kader vu verhalensbaséierter Reklamm, an d’Benotzer goufen net kloer genuch informéiert. Amazon huet mëttlerweil déi verlaangte Mise en conformité ëmgesat, och wann d’Amende, wéinst enger neier EU‑Jurisprudenz, zeréckgeholl gouf. D’CNPD hält awer fest, datt hir Aarbecht zu enger tatsächlecher Verbesserung gefouert huet, a si wäert de Dossier konsequent weiderverfollegen.

PDF: Pressecommuniqué vun der CNPD

Och Amazon reagéiert mat Schreiwes

“Mir si frou, datt d’Appellsgeriicht zu Lëtzebuerg d’Entscheedung vun der CNPD opgehuewen huet an eis Positioun unerkannt huet. Bei Amazon schaffe mir all Dag drun, d’Vertraue vun eise Clienten ze verdéngen, an de Schutz vun hirer Privatsphär huet bei eis déi héchst Prioritéit. Mir sinn houfreg, nei Iddien ze entwéckelen an d’Déngschter, déi mir eise Clienten ubidden, kontinuéierlech ze verbesseren. Wärend mir innovéieren, schaffe mir mat de Regulateuren zesummen, fir sécherzestellen, datt nei Déngschter vollstänneg verstan a reegelkonform sinn.

Wéi am Joer 2018 an der EU en neit, onkloert Dateschutzgesetz a Kraaft getrueden ass, ouni kloer Richtlinnen doriwwer, wat dat fir de Manéier vu relevanter Reklamm un d’Clientë bedeit, hu mir a gudder Glawe geschafft, fir de Clienten d’Kontroll ze ginn, ob si personaliséiert Reklamm op Basis vun hiren Interesse gesi wollten. Mir hu staark géint d’Entscheedung am urspréngleche Fall an déi disproportionell héich Geldstrof protestéiert, an dofir hu mir eng Beruffung agereecht.”

Back to Top
CIM LOGO