En Donneschdeg den Owend waren an der Europa League déi aacht Allersmatcher vun den 1/8-Finallen.
Um fréien Owend huet sech den FC Porto mat 2:1 géint de VfB Stuttgart duerchgesat. Duerch eng Rei individuell Feeler konnt de Gaascht aus Portugal direkt zwee Mol profitéieren a bannent gutt fënnef Minutten zwee Goler schéissen. Kuerz virun der Paus war dem VfB dann awer nach am Numm vum Deniz Undav den Uschlossgol gelongen. An enger hëtzeger Partie mat villen Zweekämpf a gudder Stëmmung op den Tribünen hat Stuttgart nom Säitewiessel méi de Ball, well sech Porto méi op déi defensiv Aarbecht konzentréiert huet. Et gouf eng Rei Ënnerbriechungen an och an deenen anere Momenter sollt et den Haushären net méi geléngen, ee Wee laanscht d’Defense ze fannen, sou datt de Gaascht aus Porto d’Féierung iwwer d’Zäit brénge konnt.
Méi spéit am Owend war den SC Freiburg da beim KRC Genk op Besuch an huet do mat 0:1 de Kierzere gezunn. Schonn an der éischter Hallschent war d’Lokalekipp aus der Belsch déi besser Ekipp um Terrain, well si vun hirem däitsche Géigner vill Plaz gelooss kruten, fir sech vill Chancen erauszespillen. Duerch de Gol vum Zaklaria El Ouahdi ass et mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent war Freiburg da mat e bësse méi Schwong an d’Partie komm, hat géint eng kompakt Defense vu Genk awer Krämpes, duerchzekommen. Um Enn sollt et bei enger knapper, awer gerechter Victoire fir Genk bleiwen.
An deene weidere Matcher vum Owend gouf et nach eng 1:0-Victoire fir Panathinaikos géint Betis, fir Aston Villa géint Lille a fir Miftjylland géint Nottingham. Ferencvaros konnt sech mat 2:0 géint Braga behaapten an tëscht Bologna an der AS Roum gouf et en 1:1 Remis, sou wéi och tëscht Celta Vigo a Lyon.
D’Retourmatcher ginn den nächsten Donneschdeg gespillt.
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.