Tëschenzäitlech war de Gréngewald mat 11 Punkten a Réckstand. Um Enn wënnt Gréngewald mat 77:57 géint Diddeleng. Bei den Häre gewënnt Steesel géint Esch.

Steesel gewënnt de Match um zweete Spilldag an der Best-of-Five Serie géint Esch mat 73:66. Domadder steet et elo an der Best-of-Five Serie 1:1 tëscht béide Formatiounen.

Bei den Damme ka sech de BBC Gréngewald mat 77:57 och am zweete Match géint Diddeleng behaapten a kann elo am drëtte Match fir d'Entscheedung suergen.

Hären

Basket Esch - Amicale Steesel 66:73

Esch hat et vun Ufank u schwéier géint eng gutt opgeluechte Steeseler Ekipp. D'Amicale huet monter opgespillt an huet déi Escher schéin ënner Drock gesat. D'Escher hu sech souwuel an der Offensiv, ewéi och an der Defensiv eng sëllege Feeler geleescht a se hunn an der Ufanksphas e bëssen nervös gewierkt. Steesel huet dëst äiskal ausgenotzt an ass nom éischte Véierel mat 20:17 a Féierung gaangen.

Am zweete Véierel huet sech en änlecht Bild ofgezeechent. D'Escher hu sech wuel druginn, mä um Enn hunn déi Steeseler ëmmer dat lescht Wuert gehat. Virun allem den Jarvis Terrill Williams war gutt a Form a konnt eng sëllege Punkte fir d'Amicale markéieren, déi den zweete Véierel mat 18:14 fir sech entscheede konnt.

No der Paus hat een am Gefill, wéi wa béid Ekippen d'Rolle gewiesselt hätten. D'Escher hu méi aggressiv gewierkt, wougéint déi Steeseler e bësse midd gewierkt hunn. Virun allem bei Esch waren de Clancy Rugg an de Jordan Hicks elo voll am Match. D'Lallenger hunn den drëtte Véierel mat 17:12 fir sech entscheet. Deemno ass Steesel just nach mat engem 2-Punkten-Avantage an de leschte Véierel gaangen. An hei sollten déi Steeseler am Géigesaz zum éischte Match an der Best-of-Five-Serie géint Esch um Enn déi besser Nerven hunn. Bei den Escher ass zemools an der Schlussphas an der Offensiv näischt méi zesumme gelaf an et hu sech ze vill Feeler an d'Spill geschlach. Steesel hat déi besser Nerven, entscheet de leschte Véierel mat 23:18 fir sech a gewënnt domadder 73:66 géint Esch. Deemno steet et am Best-of-Five elo 1:1 tëscht béiden Ekippen.

Resultater Hären Finall

Playdown Hären

Dammen

BBC Gréngewald - T71 Diddeleng 77:57

Am zweete Match vun der Best-of-Five Serie sinn d'Damme vum T71 Diddeleng besser aus de Startlächer komm a louchen no 6 Minutte scho mat 13:2 a Féierung. Duerno sinn d'Damme vum Gréngewald allerdéngs erwächt a si hunn ugefaange mat Basket spillen. Si hunn déi Diddelenger an der Defense schéin ënner Drock gesat an hu monter a frech an der Offensiv agéiert. Esou hu si eng gutt Ophueljuegd gestart an hunn ee Kuerf nom anere geschmass. Deenen Diddelenger ass am éischte Quarter no den éischte 6 Minutten net méi vill gelongen, soudatt si kee Punkt méi markéiere konnten an d'Damme vum Gréngewald den éischte Quarter dréinen an dëse mat 17:13 fir sech entscheede konnten.

Am zweete Véierel hat et Diddeleng vun Ufank u schwéier géint eng gutt opgeluechte Gréngewalder Ekipp. Dës huet nämlech op all Diddelenger Tentative déi passend Äntwert fonnt an d'Avance weider ausgebaut. Et huet ee bei den Diddelenger gemierkt, datt nieft dem Catherine Mreches och d'Nadia Mossong gefeelt huet. Allerdéngs hunn déi Diddelenger Dammen ni opginn an hu weider hire Match gespillt, obschonns sech de BBC Gréngewald keng gréisser Feeler geleescht huet. Um Enn sollten déi Diddelenger Dammen och den zweete Véierel verléieren, dëst mat 15:20.

An der Suite vum Match huet de Gréngewald säi Match propper erofgespillt an huet den Diddelenger keng Chance gelooss, fir an iergendenger Form nees zréck an de Match ze kommen. Esou konnten d'Damme vum BBC Gréngewald den drëtte Véierel souverän mat 23:17 fir sech entscheeden. Och am leschte Véierel konnten déi Diddelenger d'Géigner net méi iwwerraschen, soudatt de Gréngewald och dëse mat 17:12 gewanne kann. Op Gréngewalder Säite konnt virun allem Samantha Rae Logic mat hire 24 Punkten iwwerzeegen. Bei den Diddelenger war d'Sierra Grace Moore mat 20 Punkten déi bescht Scorerin.

Um Enn gewënnt de Gréngewald verdéngt mat 77:57 an huet elo den zweete Match an der Best-of-Five Serie gewonnen. Deemno kann de Gréngewald am nächste Match alles kloer maachen.

Resultater Dammen Finall

Playdown Dammen