Bei den Häre geet Esch mat 2:1 an de Finallen a Féierung. An enger spannender 3. Finall hu sech déi Diddelenger Dammen um Enn mat 68:64 duerchgesat.

Nodeems d'Amicale bei den Hären déi lescht Partie fir sech entscheede konnt, huet Steesel virun eegenem Public mat 75:95 géint de Basket Esch de Kierzere gezunn.

Bei den Damme louch no den 2 éischte Finallen de Gréngewald 2:0 a Féierung an hätt mat enger weiderer Victoire de Championstitel sécher gehat. Den T71 huet awer ab dem 2. Véierel dogéint gehalen a sech duerch dëse Succès e 4. Match erkämpft.

Hären

De Basket Esch ka sech um Enn kloer mat 95:75 (18:14, 25:18, 24:21, 28:22) bei der Amicale Steesel duerchsetzen.

De Grondstee fir déi souverän Victoire hunn déi Escher an der 1. Hallschent geluecht. Duerch eng gutt Team-Leeschtung an der Offense sinn déi Escher am 1. Véierel liicht dovu gezunn. D'Heemekipp huet am Ufank vum 2. Quarter bal näischt méi getraff a sou konnten d'Gäscht op 37:23 erhéijen. D'Amicale huet den Ecart awer nach op 11 Punkte verkierzt.

Den 3. Véierel war ausgeglach, soudass Esch mat engem Avantage vu 14 Punkten an de leschte Quarter gaangen ass. Och am leschte Véierel hat Steesel näischt dogéint ze setzen. D'Heemekipp huet um Enn verdéngt mat 75:95 géint de Basket Esch verluer.

Esch läit an der Best-of-Five Serie géint Steesel elo mat 2:1 am Avantage.

Am Playdown huet Hiefenech no Overtime 76:72 géint de Gréngewald gewonnen. D'Musel Pikes hu sech kloer mat 83:69 géint Zolwer behaapt.

Finall Hären

Playdown Hären

Dammen

An der 3. Finall huet den T71 Diddeleng knapp mat 68:64 (13:19, 22:19, 19:9, 14:17) géint de BBC Gréngewald gewonnen.

An den Ufanksminutte war bei béiden Ekippen d'Nervositéit héich an an der Attack ass net vill zesummegelaf. No 3 Minutten hat Diddeleng de Wee nach net an de Kierfche fonnt. D'Gäscht ware mat 6:0 am Avantage. An der Suite ass den T71 awer erwächt a konnt duerch d'Punkte vum Faith Ehi Etute drubleiwen. De Gréngewald hat am 1. Véierel méi e laangen Otem an huet den Ecart beim 19:13 nees op 6 Punkte geschrauft.

Am 2. Véierel huet Diddeleng déi éischt 6 Minutte besser an der Ofwier an am Ugröff agéiert. Beim 31:26 hat d'Heemekipp e Virsprong vu 5 Punkten. D'Gäscht hunn den T71 awer net dovunzéie gelooss a koume kuerz virun der Paus op 35:35 erun. Mat engem 3-Punkte-Worf huet d'Lynn Schreiner d'Gäscht just virum Buzzer nees a Féierung bruecht.

Och nom Säitewiessel war et eng animéiert Partie an där et permanent hin an hir gaangen ass. Virum leschte Véierel huet den T71 et du fäerdeg bruecht, sech Avantage vu 7 Punkten erauszespillen. An den éischte 5 Minutte vum leschte Quarter konnt d'Heemekipp de Virsprong halen. De Gréngewald huet alles probéiert, d'Resultat nach emol ëmzedréinen. 1 Minutt an 20 Sekonne virum Enn haten d'Gäscht just nach e Retard vun engem Punkt (64:65). An der spannender Schlussphas ass et dem T71 awer gelongen, de Virsprong ze verdeedegen.

Duerch d'68:64-Victoire verkierzt den T71 Diddeleng am Best-of-Five-Modus op 1:2.

Finall Dammen

Playdown Dammen