De Championstitel ass fir de BBC Gréngewald
An enger spannender 4. Finall huet sech de Gréngewald géint den T71 duerchgesat a sech den Doublé aus Coupe a Meeschterschaft geséchert.
Um Enn huet de Gréngewald mat 89:77 (24:22, 24:28, 22:11, 19:16) géint den T71 Diddeleng d'Iwwerhand behalen an ass domadder neie Lëtzebuerger Champion bei den Dammen.
Dammen
Déi éischt Hallschent war tëschent béiden Ekippen ausgeglach. Am éischte Quarter war d'Heemekipp mat 2 Punkte vir. Am 2. Véierel war et weiderhi ganz equilibréiert awer den T71 konnt aus 2 Punkte Réckstand e Virsprong vun 2 Punkte maachen.
De Grondstee fir de Succès an de Meeschtertitel huet d'Heemekipp am 3. Véierel geluecht. De Gréngewald huet nëmmen 11 Punkte vun Diddeleng zougelooss, selwer der awer 22 markéiert. Mat engem Avantage vu 9 Punkte fir de Gréngewald ass et an de leschte Véierel gaangen. An do hunn d'Gäscht de Retard an den éischte 5 Minutten op 6 verkierzt. D'Heemekipp huet an de leschte Minutten awer dogéint gehalen a konnt sech um Enn verdéngt duerchsetzen. Déi bescht Scorerin vum Gréngewald war d'Samantha Rae Logic mat 29 Punkten.