An engem Schreiwes vum Veräin heescht et, datt e Kontrakt mat engem grousse Sponsor ausgelaf wier. D'Häre spille weider an der éischter Divisioun.

Schreiwes vum Veräin

Wärend der Saison 2022/2023 ass de Walfer Basket net vu Verletzungen an Ausfäll verschount bliwwen. Trotzdeem hu mir mat eisen 2 Ekippen d’Play-Offs erreecht. Allerdéngs ass de Kontrakt mat engem grousse Sponsor ausgelaaf. Merci un hien fir d’Ennerstetzung wärend de leschten Joren! Mir wärten weiderhin zesummenschaffen. Fir d’nächst Joer wäert eise Budget trotzdem staark reduzéiert ginn, wat mat sech bréngt, dass de Comité, zesummen mat der Sportskommissioun, e neit Finanzéierungskonzept ausgeschafft huet, dat leider och eng Restrukturéierung vun den Ekippen mat sech bréngt, ouni déi keng vun eisen Senior-Ekippen op LBBL Niveau kompetitiv wär. Bedéngt duerch déi nei finanziell Situatioun hu mir leider keen anere Choix wéi bei der FLBB unzefroen fir déi kommend Saison mat eisen Dammen an der Nationale 2 ze spillen. D’Hären spillen weiderhin an der LBBL. Eist Finanzéierungs- an Sponsorskonzept assuréiert d’Kontinuitéit vum Club a vun der Jugendaarbecht.

D’Decisioun fir d’nächst Saison net méi mat den Dammen um héchste Niveau ze spillen war extrem schwéier ze huelen. All d‘Spillerinnen an d’Coachen hunn immens haart an erfollegräich geschafft an hinnen dofir e ganz grousse Merci. Mir wäerten eis Bescht maachen fir an Zukunft erëm mat deenen zwou Equippen kompetitiv ze sinn.