Conference Finals si komplett

© AFP
Denver Nuggets géint Los Angeles Lakers a Boston Celtics géint Miami Heat, dat sinn d'Finallen am Westen an am Osten.
An der Eastern Conference kënnt et an der Finall zum Duell tëscht den Ekippe vun de Boston Celtics an de Miami Heat. Et ass d'Neioplo vun zejoert. Fir d'Celtics ass et déi fënneft Participatioun an de Conference Finals an de leschte siwe Joer. Den Titel gouf awer an där Period ni gewonnen. De leschte Championstitel gouf et an der Saison 2007/2008.
An den Halleffinalle vun der Eastern Conference hu sech d'Boston Celtics an der Nuecht op e Méindeg am decisive siwente Match mat 112:88 géint d'Philadelphia 76ers duerchgesat a sech dee leschten Ticket fir d'Conference Finals geséchert.
D'Miami Heat hate sech am sechste Match mat 96:92 géint d'New York Knicks behaapt a sech domadder fir d'Finall qualifizéiert.
An der Western Conference ass d'Finall och komplett. Am 6. Match an der Best-of-7-Serie hat sech d'Ekipp vum LeBron James mat 122:101 géint d'Golden State Warriors duerchgesat. An der West-Finall spillen d'Lakers géint d'Denver Nuggets. Déi hate sech och am sechste Match géint d'Phoenix Suns duerch een 125:100 den Ticket fir d'Finall geséchert.