18 Victoiren an 20 Matcher si fir d'Damme vun Ajax Amsterdam duergaangen, fir hollännesche Meeschter ze ginn, mä anscheinend net, fir eng Feier ze kréien.

Well et fir d'Häre vum Rekordmeeschter aus der Eredivisie "nëmmen" eng 3. Plaz gouf, an een domadder d'Champions League verpasst, géing am Veräin d'Fest-Stëmmung feelen, sou e Spriecher vun Ajax. Vun der Direktioun heescht et, et wier aktuell net den Ament fir Feierlechkeeten.

Vue datt d'Dammen de Championstitel schonn ufanks Mee sécher haten, géing een ausserdeem fäerten, datt bei de Fans souwisou net vill Interessi do wier. D'Gerance vum Veräin soll d'Administratioun vun der Stad aus dësem Grond gebieden hunn, keng Festivitéiten z'organiséieren.

D'Buergermeeschtesch vun Amsterdam Femke Halsema hat d'Damme vun Ajax u sech fir eng Receptioun um Leidseplein am Stadzentrum invitéiert, sou wéi et och jorelaang fir d'Häre gemaach ginn ass. Well an der Vergaangenheet awer ëmmer nees randaléiert gouf, däerf d'Härenekipp net méi am Stadzentrum gefeiert ginn.