NBA Finals
Miami Heat gläicht géint d'Denver Nuggets aus

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/MATTHEW STOCKMAN
Am zweete Match vun den NBA Finals konnt Miami Heat mat enger 111:108 Victoire géint d'Denver Nuggets mat dëse gläichzéien.
Domadder steet et den Ament 1 zu 1 am Best-of-7 tëschent béiden Ekippen, déi en Donneschdeg um 2.30 Auer Mëtteleuropäesch Zäit nees géintenee spillen.
De leschten Titel fir Miami Heat gouf et an der Saison 2012-13 virun 10 Joer, d'Nuggets vun Denver waren nach ni Champion.
Am meeschte gelies