Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Franchise aus Denver, datt si d'" Larry O'Brien Championship Trophy" gewonnen hunn.

D'Ekipp aus Colorado huet an der Nuecht op en Dënschdeg de fënnefte Match aus der Best-of-Seven-Serie an der Finall géint d’Miami Heat gewonnen, dat mat 94:89, a feiert domadder den éischte Championstitel an der Veräinsgeschicht. An der Finallronn hu sech d'Nuggets 4:1 duerchgesat, dat nodeem et no zwee Matcher nach 1:1 stoung.

De Serb Nikola Jokic gouf zum MVP, also als wichtegste Spiller vun de Finallmatcher, gewielt.

RTL

© Photo by POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP