Diddelenger Dammen trieden och dëst Joer am EuroCup un

© Roland Miny
Aus dem Dammebasket ass et d'Nouvelle, datt den T71 Diddeleng op en Neits wäert am EuroCup spillen.
De Lëtzebuerger Vize-Champion war schonns d'lescht Saison dobäi a konnt do souguer ee Match zu Namur wannen. Jorelaang war virun allem wéinst dem finanziellen Opwand keng Lëtzebuerger Ekipp europäesch vertrueden, de Gréngewald an Diddeleng hunn dat awer déi lescht zwee Joer geännert.
De Gréngewald war schonns zweemol dobäi an Diddeleng huet dunn d'lescht Saison dëse Schratt gewot. Fir de President vum T71, de Marcel Wagener, hat déi ganz Campagne vill positiv Aspekter.
"Et war eng ganz nei Motivatioun an eng ganz nei Dynamik am Club ze gesinn an ze spieren. A mir wollten dorop opbauen, fir dat nach eng Kéier an der nächster Saison duerchzezéien. Obwuel et finanziell net einfach wäert ginn, si mir awer der Meenung, datt mir dat wäerten hikréien."
D'Lescht Saison war den T71 als Champion direkt an der Gruppephas. Dës Saison kéint et awer sinn, datt een als éischt muss duerch d'Qualifikatioun goen, also genee esou wéi de Gréngewald d'lescht Saison.
"Ob mir duerch d'Quali mussen oder net, hänkt vun zwee Faktoren of. Als éischt wéi vill Ekippe sech fir dës Kompetitioun mellen, wann dat der däitlech méi si wéi 48, da kënnt et drop un, ob de Gréngewald als Lëtzebuerger Champion matmécht oder net an deen Ament misste mir dann deemno wéi an d'Quali, well mir Vize-Champion sinn."
Fir déi nei Saison wäert den T71 keng Lëtzebuerger Damme vun anere Veräiner transferéieren, dat sot de Marcel Wagener am RTL-Interview. 5 Jugend-Spillerinne stoussen an den Dammekader bäi. Bis elo huet een eng US-Amerikanerin nei ënner Kontrakt geholl a beim Shay Winton bleift ofzewaarden, wéi et no der Gebuert vum Kand wäert virugoen.
"Da kucke mir, wéi d'Shay dat hikritt, fir nees sou séier wéi méiglech um Terrain ze sinn. Dovu maache mir dann ofhängeg, ob mir eng aner US-Amerikanerin sichen oder net. Beim Nadia Mossong wësse mir och nach net, ob et viruspillt, mä mir hoffen natierlech, datt et nach eng Saison drunhänkt." D'Nadia Mossong ass iwweregens d'nächst Woch Invitée am RTL-Podcast Drëtt Hallschent.