Basket 3x3
FLBB-Damme qualifizéiere sech fir d'EM

D'Lëtzebuerger Nationalekipp no Gold bei de Spiller vun de klenge Länner. / © RTL
Aus dem Basket ass et e Sonndeg den Owend d'Nouvelle, datt sech d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp fir d'éischte Kéier fir eng EM qualifizéiert huet.
D'Lisa Jablonowski, d'Nadia Mossong, d'Cathy Schmit an d'Bridget Yoerger hu sech beim Qualifikatiounstournoi zu Limassol op Zypern den Ticket fir d'Basket-EM am 3x3 geséchert. Gespillt gëtt d'Europameeschterschaft am September an Israel.
Beim Qualifikatiounstournoi hunn d'Cathy Schmit a Co an den Halleffinalle mat 14:9 géint Irland gewonnen an an der Finall war een Aserbaidjan mat 9:6 iwwerleeën.
3X3-Basket-EM: Lëtzebuerger Damme si qualifizéiert / Repor. Franky Hippert
Am meeschte gelies