Gold fir d'Lëtzebuerger Basketekipp

© Special Olympics Luxembourg
E Samschdeg konnt sech bei de Special Olympics World Games zu Berlin d'Lëtzebuerger Basketekipp knapp mat 11:10 géint Däitschland duerchsetzen.
Duerch dës Victoire konnt sech d'Lëtzebuerger Basketekipp iwwert déi éischt Plaz an domadder d'Goldmedail freeën.
E Freideg gouf et fir Lëtzebuerg am Bocce Unified dräi Néierlagen an dat géint D'Vereenegt Arabesch Emirater, Taipeh an den Honduras.
An der Liichtathletik ass d'Anna Keilen e Freideg am Wäitsprong mat 2,81 Meter op déi 2. Plaz komm. Fir de Ronny Kontz war et mat 3,15 Meter déi 6. Plaz.
Am Schwamme gouf et e Freideg eng 2. Plaz fir d'Carmen Hertz iwwert 50 Meter Crawl, dat mat enger Zäit vun enger Minutt, 31 Minutten a 35 Honnertstel. Iwwert déi nämmlecht Distanz ass de Vincent Borruto mat engem Chrono vun enger Minutt, 8 Sekonnen an 8 Honnertstel dee 5. ginn.
An am Dëschtennis huet d'Danièle Janowoy mat 3:0 géint Däitschland an Ungarn gewonnen a mat 2:3 géint Japan verluer. Dat ass déi 2. Plaz an der 1. Divisioun.

© Special Olympics Luxembourg
En Donneschdeg hat sech d'Claudine Koch duerch e 5:1 géint Honduras déi 3. Plaz geséchert.
E Sonndeg sinn d'Special Olympics World Games iwwerdeems op en Enn gaangen. Iwwer 330.000 Supporter, knapp 20.000 Volontairen, knapp 7.000 Athletinnen an Athleten aus 176 Natiounen an 1.200 Arbitteren a 26 Sportaarte waren an de leschten zu Berlin mat dobäi.