Méi als 50 Kanner aus dem ganze Land an aus alle Clibb hate sech en Donneschdeg den Owend Rendez-vous ginn, fir hire Shooting (Worf) ze verbesseren.

Et gëtt ronn 1 Joer, datt de Peter Rajniak mat senger Associatioun Shooting Club Campe fir Basketspiller a Coachen hei zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner organiséiert.

Campe fir seng Worftechnik ze trainéieren, sinn an den USA ganz populär a ginn et do schonn zanter Joren. Deemno wollt de Peter Rajniak d'Konzept och hei op Lëtzebuerg bréngen. Et stécht awer och vill aneres hannert deem Projet. Designen a Logoen ronderëm de Basket kreéieren, gehéiert scho laang zum Peter Rajniak senger Leidenschaft. Haut verkeeft de fréieren Nationalspiller seng eegen Produiten

Fir dëse Shooting-Camp konnten d’Participanten och vun de Rotschléi vum Rob Fodor profitéieren. Dee fréiere professionellen US-Basketspiller gëtt haut als ee vun de beschte Shooting-Coaches op der Welt ugesinn. No villen Erfarungen am Coaching an Europa an och Asien ass hien elo de Shooting-Coach bei de Miami Heat an der NBA.

Mat enger konstanter Evolutioun vum Spill huet sech de Basket an deene leschte Joren taktesch vill geännert. Den Afloss vu gewësse Spiller a vun der NBA am allgemenge mécht et, datt et nach ni sou wichteg war, e gudde Worf ze hunn.

D'Freed an de Spaass um Basket sollte bei dësem Camps am Vierdergrond stoen an dat huet och gutt funktionéiert.