Finaliste vun der leschter Saison treffen direkt openeen

© Emile Mentz (Archiv)
Bei den Häre kritt et um 1. Spilldag an der LBBL de Champion Esch mat Steesel ze dinn.
D'Lëtzebuerger Basketfederatioun huet deen neie Spillplang fir d'Saison 2023/2024 publizéiert. Lass geet et den 23. September.
An der LBBL vun den Häre kënnt et um 1. Spilldag vun der Qualifikatioun zum Duell tëscht de Finaliste vun zejoert. De Champion Esch muss géint Steesel untrieden. Donieft spillt Diddeleng géint d'Fiels, d'Musel Pikes kréien et mam Gréngewald ze dinn, Conter trëfft op Bartreng, d'Résidence op d'Etzella an dann ass et nach den Duell tëscht den Opsteiger Mamer géint Kordall.
De komplette Spillplang vun den Hären.
An der LBBL vun den Dammen, wou déi nächst Saison nach 9 Ekippe vertruede sinn, ass de Champion Gréngewald um 1. Spilldag spillfräi. Diddeleng kritt et mat Wolz ze dinn, Esch empfänkt Steesel, d'Musel Pikes moosse sech mat Bartreng an Zolwer trëtt géint Conter un.