U18-EM Dammebasket
Lëtzebuerg wënnt Krimi géint d'Slowakei a steet elo an der Halleffinall

© Roland Miny (Archiv)
D'Lëtzebuerger U18-Damme maache weiderhin op sech opmierksam bei de European Championships. Si konnte sech an hirer Divisioun géint d'Slowakei behaapten.
De Match ass an d'Verlängerung gaangen, mat dem besseren Enn fir d'Lëtzebuergerinnen. Si konnte ech mat 82 op 77 behaapte géint d'Slowakei a stinn elo an der Halleffinall. Do kréie si et mat Bosnien Herzegowina ze dinn.
Insta-VIDEO
Et war nees eng Kéier d'Ehu Etute déi dem Match hire Stempel opgesat huet. Mat 48 Punkten a 24 Rebounds war d'Lëtzebuergerin nees eendeiteg d'Matchwinnerin.
FB Post FLBB
Am meeschte gelies