D'U18-Dammen stinn domadder elo an der EM-Finall e Sonndeg, dat an der Divisioun B.

No engem Comeback an der 2. Hallschent vum Spill an enger spannender Schlusspartie, hunn d'Lëtzebuerger U18-Dammen et elo an d'EM-Finall e Sonndeg gepackt. Dëst ass iwwregens déi 5 Victoire hannerteneen am Tournéier fir d'Formatioun vun der FLBB. Lëtzebuerg wäert dann och an der Divisioun A um nächsten Turnéier spillen.

No engem ausgeglachene Start an d'Spill, hunn d'Géigner awer iergendwann d'Kontroll iwwerholl a louche virun der Paus 37:24 vir. Ma Lëtzebuerg huet sech awer nees eropgeschafft a louch dunn och an der Mëtt vum 3. Véierel mat 43:42 nees vir. Bis zum Schluss blouf et spannend, ma déi géigneresch Ekipp konnt déi lescht Chance net notzen, sou dass Lëtzebuerg mat engem knappe 65:64-Score gewënnt.