U18-EM am Basket
Lëtzebuerger Damme wanne Sëlwer, Etute gëtt MVP

© Roland Miny (Archiv)
E Sonndeg den Owend hunn d'FLBB-Dammen d'Finall vun der U18-Europameeschterschaft an der Divisioun B mat 66:93 géint Kroatien verluer.
Domat gewannen d'Lëtzebuergerinne Sëlwer, déi éischt Medail fir Lëtzebuerg bei dësem engem Event. Donieft gouf d'Ehi Etute zur Spillerin vum Tournoi gewielt. Am Duerchschnëtt koum d'Spillerin vun Diddeleng op 31,5 Punkten, 23,3 Rebounds, 6,2 Steals a 4,3 Assists.
Nieft dem Ehi Etute gouf och d'Isa Hamalainen vun der Residence Walfer an d'All-Star-Five gewielt.

© FLBB
Am meeschte gelies