D'Hären-Nationalekipp verléiert 83:93 géint Bulgarien

© AFP
Als Preparatioun op d'Virqualifikatioun fir d'Basketseuropameeschterschaft 2025 spillt d'Basketnationalekipp 2 Frëndschaftsmatcher géint Bulagarien.
Den éischte Match am Tramschapp an der Stad goung e Mëttwoch mat 83:93 verluer.
Dobäi haten d'Lëtzebuerger staark ugefaangen a louchen nom éischte Véierel mat 25:14 vir. Nom zweete Véierel haten d'Bulgaren de Score allerdéngs gedréit, sou dass et an der Hallschent 45:47 stoung. No der Paus konnten d'Bulgaren hire knappe Virsprong da weider ausbauen. Um Enn vum drëtte Véierel stoung et 62:73 an um Enn sinn d'Gäscht da mat 93 Punkte géigeniwwer de Lëtzebuerger hiren 83 als Gewënner vum Terrain gaangen.
Top-Scorer vun der FLBB-Selektioun war de Laurent Alex, mat 14 Punkten.