FLBB-Hären ënnerleie Kroatien däitlech

© AFP (Archiv)
Kroatien war am éischte Match vun der Pre-Qualifikatioun en ze staarke Géigner fir d'Rout Léiwen. Si verléiere mat 62:98.
E Samschdeg huet d'FLBB-Ekipp hiren éischte Match an der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2025 zu Opatija géint Kroatien ausgedroen, dee mat 62:98 (14:31, 20:26, 12:23, 16:18) verluer goung.
Et hat denkbar schlecht ugefaange fir d'Rout Léiwen. An den éischten dräi Minutten haten d'Kroaten en 12:4-Laf higeluecht a Lëtzebuerg war soumat fréi am Hannertreffen. Bis zum Schluss vum éischte Véierel sollten d'Kroaten d'Avance op 34:14 ausbauen.
De Quarter virun der Hallschent war méi ausgeglach, mee Kroatien huet d'Avance vun 20 Punkte konstant gehalen a sou goufen d'Säite beim Stand vu 57:36 fir d'Heemekipp gewiesselt.
Um Enn vum drëtte Véierel louch Kroatien 80:46 vir an huet dës Avance bis zum Schluss behalen.
Insgesamt hunn d'Rout Léiwen ze vill Wërf verginn. Virun allem bei den Dräi-Punkte-Wërf war d'Quot mat 13 % immens schwaach an och just all zweete Worf fir zwee Punkten huet de Wee an de Kuerf fonnt. Beschte Scorer op Lëtzebuerger Säit war den Alex Laurent mat 18 Punkten.
Trotz der héijer Néierlag, war den Nationaltrainer Ken Diederich net ganz onzefridde mat der Prestatioun vu senger Ekipp.
"Et war ee schwéiere Match. Mir hunn awer phaseweis gutt dogéint gehalen. Mir hunn de Ball awer ze schlecht geschoss. Mir schéissen 3 vun 22 vun der 3. Linn. Dat geet net duer. Mir hunn och 8 Fräiwërf laanscht geschoss. Am 3. Quarter hu mir laang gutt matgehalen. Wéi mir awer am Virfeld gesot hunn, ass dee Géigner ze staark. Si sinn Top an Europa. Mir hu gutt gekämpft. Leider hate mir d'Reussite vun de Schëss net, fir ee bessert Resultat ze maachen."
E Mëttwoch spillt dem Ken Diederich seng Ekipp, an der Coque, géint Irland.