Lëtzebuerg verléiert 76:96 géint Irland
An hirem éischte vun zwee Heemmatcher am Gymnase vun der Coque hunn d'Rout Léiwe mat 76:96 (21:23, 16:17, 22:30, 17:26) géint Irland de Kierzere gezunn.
An der Ufanksphas war et e Mëttwoch deen ausgeglachene Match op Aenhéicht, vun deem ee konnt ausgoen. Mol huet Lëtzebuerg gepunkt, Mol Irland. Zum Schluss vum éischte Véierel konnte sech d'Gäscht dunn awer ganz liicht mat 23:21 ofsetzen.
Lëtzebuerg konnt sech am zweete Véierel zwar zäitweis een Avantage vu 4 Punkten erausspillen, d'Ire konnten dëse Score awer zum Enn hin nach dréinen an et goung mat 40:37 an d'Paus.
Manner gutt hat et dunn nom Säitewiessel fir Lëtzebuerg ugefaangen. Irland konnt sech zäitweis eng Avance vun 11 Punkten erausspillen. D'FLBB-Selektioun konnt zwar tëschenzäitlech op 1 Punkt erukommen, mä Irland konnt dës Serie vu Punkten awer nach eng Kéier konteren an et goung mat 70:59 aus Siicht vun den Iren an déi lescht 10 Minutten.
D'Rout Léiwen hunn an der Suite keng Mëttele méi fonnt, fir den Ire richteg geféierlech ze ginn a musse sech um Enn mat 76:96 geschloe ginn.
Beschte Lëtzebuerger Scorer war den Alex Laurent mat 16 Punkten.
Weider geet et fir d'FLBB-Selektioun den nächste Mëttwoch um 20.15 Auer mam zweeten Heemmatch am Gymnase vun der Coque. Da geet et op en Neits géint den Tabelleleader Kroatien.