E Mëttwoch den Owend huet d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp an der Coque hiren drëtte Match an der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2025 gespillt.

Den éischte Match a Kroatien hat d'Ekipp vum Trainer Ken Diederich mat 62:98 verluer. Virun enger Woch hunn d'FLBB-Hären dunn an der Coque viru ronn 1.400 Spectateure mat 76:96 géint Irland verluer.

RTL

© RTL

De Mëttwoch den Owend gouf et du géint Kroatien eng weider Néierlag, och wa se net sou däitlech ausgefall ass wéi am 1. Match. D'Lëtzebuerger hu sech misste mat 79:91 geschloe ginn, obwuel d'Lëtzebuerger grad am leschte Véierel eng gutt Leeschtung gewisen hunn, an dëse Véierel souguer fir sech entscheede konnten.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Ken Diderich no der verluerener Qualifikatioun

De véierten a leschte Gruppematch ass dann e Samschdeg an Irland.

RTL

© RTL