Batter Néierlag fir d'FLBB-Hären an Irland

© Screenshot
An enger bis déi lescht Sekonne ganz spannender Partie huet sech Lëtzebuerg misse mat 76:79 geschloe ginn.
E Samschdeg den Owend ass fir d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp d'Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2025 mat enger batterer Néierlag op en Enn gaangen. Am leschte Match huet ee sech auswäerts misse knapp mat 76:79 géint Irland geschloe ginn. Am Grupp mat Kroatien an Irland gouf et domadder véier Néierlagen a véier Matcher. Déi éischt Plaz am Grupp huet sech Kroatien geséchert. Si sinn deemno bei der EM-Qualifikatioun dobäi.
Nodeems dem Ben Kovac déi éischt Punkte vum Match gelonge waren, hunn d'Iren d'Féierung iwwerholl an dës am éischte Véierel op tëschenduerch 12 Punkten ausgebaut. No den éischten 10 Minutte louch d'Lokalekipp mat 29:20 am Avantage. Am zweete Véierel ass et fir d'FLBB-Häre besser gelaf. Duerch een 11:1 Run am Ufank konnt een de Réckstand séier verkierzen an dunn d'Féierung iwwerhuelen. Beim Stand vun 43:41 fir Lëtzebuerg ass et an d'Paus gaangen.
Am drëtte Véierel ass et den Iren nees gelongen, fir d'Féierung ze iwwerhuelen, ma d'FLBB-Hären hunn de Réckstand kleng gehalen a konnten um Enn nees laanscht zéien. Beim Score vun 63:59 fir d'Lëtzebuerger ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen.
Hei ass et weider eng ganz serréiert Partie bliwwen. An de leschte Minutte war de Score tëscht Irland a Lëtzebuerg ëmmer nees ausgeglach. Eng Minutt viru Schluss konnten d'Lëtzebuerger Baskethären nach emol mat 75:74 a Féierung goen, ma eng Victoire sollt hinnen net vergonnt sinn. Irland huet sech um Enn mat 79:76 behaapt.
De Clancy Rugg huet fir Lëtzebuerg 27 Punkte realiséiert.
Mat der Leeschtung war den Nationaltrainer Ken Diederich awer zefridden:
"Mir ware laang vir. D'Iren hunn dunn zum Schluss vum Match op eng Zon gestallt. Mir hunn dunn och gutt Schëss erausgespillt. Leider hu mir awer vun der 3. Linn guer net getraff. Mir haten der 3 vu 27. Do huet d'Reussite gefeelt an dat war um Enn och entscheedend. Mir waren déi besser Ekipp an hunn och eng laang Zäit de Match dominéiert. Mir hu gutt zesummegespillt a mir haten eng gutt Intensitéit. Mir haten am leschte Véierel 7 Punkte Virsprong an hunn och gewisen, datt mir um richtege Wee waren. Herno sinn et Detailer a si haten e bësse Chance, bei verschiddene Schëss. Esou ass Basket."
Domadder huet d'FLBB-Selektioun alleguerten hir Partien an der EM-Pre-Qualifikatioun verluer.
De Replay vum Match
All d'Resultater
Kroatien – Irland 89:49
Kroatien– Lëtzebuerg 98:62
Lëtzebuerg – Irland 76:96
Irland – Kroatien 61:95
Lëtzebuerg – Kroatien 79:91
Irland – Lëtzebuerg 79:76