Tirage EuroCup am Basket
Gréngewald an Diddeleng kennen hir Géignerinnen

© Roland Miny (Archiv)
E Mëttwoch de Mëtteg war den Tirage vun der Gruppephas vum EuroCup am Basket bei den Dammen.
Mam BBC Gréngewald an dem T71 Diddeleng si jo zwou Lëtzebuerger Ekippen an der Gruppephas dobäi. D'Damme vun Diddeleng, déi am 4. Dëppe waren, kréien et am Grupp B mat Piestanske Cajky aus der Slowakei, Spar Girona aus Spuenien an InvestIn The West Enea Gorzow aus Polen ze dinn.
D'Dammen aus dem Gréngewald, déi am Dëppen 3 waren, mussen am Grupp H géint Tango Bourges Basket aus Frankräich, KP TANY Brno aus Tschechien an ee Qualifikant (Sportiva oder Antalya) untrieden.

© Screenshot Youtube
Am meeschte gelies