Zanter dem 25. August gëtt d'Basketball-WM a Japan, op de Philippinnen an och an Indonesien gespillt. Eng éischt Analys mam Ken Diederich.

E Mëttwoch waren déi leschte Matcher vun der éischter Ronn an um Donneschdeg huet déi sougenannten Tëscheronn ugefaangen.

Am RTL-Interview mécht de Ken Diederich eng éischten Analys: Et goufen Enttäuschungen an Iwwerraschungen. De Lëtzebuerger Nationaltrainer erkläert awer och, firwat Superstaren, wéi den Nikola Jokic oder de Viktor Wembanyama, op der WM net mat dobäi sinn.

Interview mam Ken Diederich / Reportage Rich Simon

Iwwerbléck

Am Grupp A konnte sech d'Dominikanesch Republik mat dräi Victoiren aus dräi Matcher an Italien mat zwou Victoirë fir déi nächste Ronn qualifizéieren. Angola an d'Philippinnen hu keng Chance méi op den Titel. Serbien a Puerto Rico koumen dann am Grupp B weider, de Südsudan a China hunn de Sprong an déi nächst Ronn net gepackt.

D'USA sinn da sans faute am Grupp C weiderkomm, dat zesumme mat Griichenland. Neiséiland a Jordanien sinn aus dem Titelrennen eraus. Litauen a Montenegro hunn dann de Grupp D dominéiert, dat op Käschte vun Ägypten a Mexiko.

De Grupp E war fir Däitschland an Australien, Japan a Finnland spille just nach d'Klassifizéierungsronn. Och just nach am Kampf ëm d'Plaz 17 sinn de Cap Vert a Venezuela, well Slowenien a Georgien de Grupp F fir sech decidéiere konnten.

Spuenien a Brasilien kommen am Grupp G weider, anescht wéi d'Elfenbeinküst an den Iran. Déi gréissten Iwwerraschung vum Turnéier koum awer aus dem Grupp H, well hei Frankräich schonn nom zweete Match keng Chance méi op e Weiderkommen hat a just nach ëm d'Plaze 17 bis 32 spillt. Zesumme mat hinne gouf de Libanon aus dem Titelrennen eliminéiert, Kanada a Lettland koume weider.