D'Véierelsfinalle sti fest

© AFP
Nodeem d'Ekippen och déi zweete Gruppephas hannertsech bruecht hunn, stinn elo déi aacht Véierelsfinaliste fest.
En Dënschdeg kritt Litauen et mat Serbien ze dinn an Italien muss géint d'USA untrieden. E Mëttwoch da spillen eis däitsch Nopere géint Lettland a Kanada a Slowenien kämpfen ëm d'Halleffinallen.
Italien huet sech als Gewënner vun der Grupp "I" fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert, Serbien gouf an dëser Grupp Zweeten. An der Grupp "J" hat Litauen d'Nues vir an d'USA koumen op déi zweete Plaz. Litauen konnt den Favoritten e bëssen onerwaart e Been stellen a sech esou d'Gruppevictoire sécheren. D'Grupp "K" goung un Däitschland viru Slowenien an d'Grupp "L" huet Kanada viru Lettland fir sech decidéiert.