Basketball
Mihailo Andjelkovic vum T71 hält mam Basket op

© RTL-Archiv
Am Härebasket huet de Mihailo Andjelkovic sengem Veräin T71 Diddeleng iwwerraschend matgedeelt, datt hien d'Basketballsschong elo emol un den Nol hänkt.
De 24 Joer ale Spiller aus der Forge du Sud, deen och zum erweiderte Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp gehéiert huet, wär "ausgelaugt" an hätt keng Motivatioun méi, esou déi Responsabel vum Club, fir déi et e weidere grousse Réckschlag ass. Den 1,89 Meter grousse Guard war ee vun de Piliere beim T71.
Am meeschte gelies