Basketball-WM
Halleffinalle sti fest: Serbien trëfft op Kanada, Däitschland op d'USA

An de Véierelsfinalle konnten d'Amerikaner d'Italiener kloer klappen, déi Däitsch wanne just ganz knapp géint Lettland.
An der éischter Partie vun de Véierelsfinalle konnt sech Serbien kloer mat 87:68 géint Litauen duerchsetzen an d'Amerikaner hunn den Italiener beim 100:63 keng Chance gelooss.
Däitschland géint Lettland war eng ganz knapp Geschicht. Just zwee Punkte hunn um Schluss d'Differenz gemaach, wéi eis Nopere sech mat 81:79 duerchgesat hunn. Kanada konnt sech an der leschter Véierelsfinall 100:89 géint Slowenien behaapten.
E Freideg sinn dann déi zwou Halleffinallen. Als éischt trëfft Serbien op Kanada an dono kréien et d'USA mat Däitschland ze dinn.
Am meeschte gelies