Däitschland ass Weltmeeschter

© Matthias Stickel/dpa Picture-Alliance via AFP
Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun onsem Nopeschland ka sech Däitschland den Titel sécheren. An der Finall huet ee sech géint Serbien behaapt.
Zu Manila huet sech Däitschland mat 83:77 géint Serbien duerchgesat. Beschte Spiller um Terrain war den Dennis Schröder mat 28 Punkten.
An der éischter Hallschent war et eng ganz serréiert Partie, an där weder Serbien nach Däitschland en entscheedenden Avantage erausspille konnten. D'Säite goufe mat engem 47:47 gewiesselt.
No der Paus hu béid Ekippe méi aggressiv an der Verdeedegung agéiert an et si manner Punkte gefall. Däitschland huet dovu profitéiert a louch um Enn vum drëtte Véierel mat 12 Punkten am Avantage. Serbien hat an deem Quarter just 10 Punkte markéiert. Däitschland huet am leschte Véierel vir net méi gutt getraff, soudass d'Serben op 4 Punkten erukoumen. An der Schlussphas hu béid Ekippen nervös gespillt. Et ass enk bliwwen, mee Däitschland hat ëmmer knapp d'Nues vir. Um Enn ass et duergaangen, fir de Match fir sech ze entscheeden.
Bronze fir Kanada
An der Partie ëm déi drëtte Plaz huet sech Kanada no Overtime mat 127:118 géint d'USA duerchgesat. Et ass déi éischt Medail iwwerhaapt fir Kanada bei enger Weltmeeschterschaft.