Lëtzebuerg trëfft am Grupp H op d'Schwäiz, Montenegro a Bosnien-Herzegowina

© AFP
D'Qualifikatiounsmatcher fir d'Europameeschterschaft am Dammebasket wäerten am November 2023, am November 2024 souwéi am Februar 2025 gespillt ginn.
Dobäi treffen d'Lëtzebuergerinnen op albekannte Géignerinnen. Schonns an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft am Joer 2023 haten d'Rout Léiwinnen géint d'Schwäizerinnen gespillt, géint déi d'Lëtzebuergerinnen deemools souguer gewanne konnten. D'Favoritinnen am Grupp dierften allerdéngs d'Dammen aus Bosnien-Herzegowina sinn, déi an der Weltranglëscht op der 17. Plaz stinn, souwéi d'Montenegrinerinnen op der Plaz 24.
Hei all d'Gruppen am Iwwerbléck:
Grupp A
Spuenien, Kroatien, Holland, Éisträich
Grupp B
Ungarn, Slowenien, Bulgarien, Finnland
Grupp C
Belsch, Polen, Litauen, Aserbaidschan
Grupp D
England, Schweden, Dänemark, Estland
Grupp E
Frankräich, Lettland, Israel, Irland
Grupp F
Tierkei, Slowakei, Rumänien, Island
Grupp G
Serbien, Ukrain, Portugal, Nordmazedonien
Grupp H
Lëtzebuerg, Schwäiz, Montenegro, Bosnien-Herzegowina
Grupp I
Italien, Griicheland, Tschechien, Däitschland