E Freideg de Moien huet den däitsche Futtballverband offiziell matgedeelt, datt d'Decisioun ëm d'Successioun vum Hansi Flick gefall ass.

De Julian Nagelsmann ass den neien Trainer vun der däitscher Futtball-Nationalekipp. De fréieren Trainer vum däitsche Rekordchampion FC Bayern München wäert deemno d'DFB-Team bei der Europameeschterschaft 2024 am eegene Land betreien.

Hien huet e Kontrakt bis den 31. Juli 2024 ënnerschriwwen.

Co-Trainer ginn de Benjamin Glück an de fréiere Profi Sandro Wagner.