E Samschdeg de Moien hat d’FLBB, déi Lëtzebuerger Basketfederatioun, hir Assemblée Générale zu Steesel.

Resumé FLBB-Kongress / Reportage Guy Seyler

De President Samy Picard huet réckbléckend zouginn, datt et keng einfach Saison war an d’FLBB dacks an der Kritik stoung. Dat hätt awer iwwer vill positive Saachen ewech getäuscht.

Esou gesäit hien de Basket am Opschwong:

· De System vun de Play Off hätt sech bewäert.

· D’Coupe Finale war mat 4500 Spectateuren immens gutt besicht.

· Zwou Dammenekippe waren am FIBA Europe Cup derbäi, wat et scho laang net méi gouf.

· D’Nationalekippe sinn erëm attraktiv, an hunn esouwuel bei den Damme wéi bei den Häre positiv Resultater eraus gespillt.

· An där neier Competitioun vum 3x3 haten d’Dammen sech fir EM zu Jerusalem qualifizéiert

· Mat de Resultater vun de Jugendekippen ass een och zefridde Besonnesch d’U18 Dammen hunn iwwerzeegt. Mam Ehi Etute gouf bei der FIBA EM fir d’éischte Kéier eng Lëtzebuergerin zum MVP gewielt.

Haaptpunkt um ordre du jour de Moie war awer d’Propose vun der FLBB, fir an der ieweschter Divisioun vun 12 op 10 Ekippen zréck ze goen. Eng Opstockung op 12 Ekippe war 2020 duerch dee coronabedéngten Ofbrach vum Championnat gemaach ginn.

E groupe de travail huet elo awer erëm eng Reduktioun proposéiert. Dat fir d’Attraktivitéit vum Basket ze steigeren. Besonnesch d’Nationale 2, wou elo just 9 Ekippe spillen, soll verbessert ginn an dee selwechte Modus kréie wéi an der LBBL.

Net jiddereen ass domat d’Accord. Konter, Diddeleng, Iechternach, Kordall, Fiels, Mamer, Zolwer a Steesel ware fir de Status Quo. Um Enn gouf et mat 53,5 % eng knapp Majoritéit fir op 10 Ekippen erof ze goen. Dat bedeit, datt déi nächst Saison 2024/25 eng Iwwergangssaison gëtt. Éier dann an der Saison 2025/26 esouwuel an der LBBL wéi och an der Nationale 2 mat 10 Ekippe gespillt gëtt.