Mam HBK ass och déi zweet Dammenekipp am EHF Cup ausgescheet. Am zweete Match géint Thessaloniki gouf et eng 19:26-Néierlag.

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun ass bei den Dammen net méi op internationalem Plang vertrueden. Nodeems Diddeleng zwee kloer Defaitë géint Bjelovar aus Kroatien kasséiert huet, ass och den Handball Käerjeng beim Double Header a Griicheland ausgescheet.

Reaktioun Tina Welter no Out vum HB Käerjeng

Nodeems een e Samschdeg no der 21:24-Néierlag nach mat enger Iwwerraschung fir de Réckmatch rechne konnt, huet Thessaloniki keen Zweiwel doru gelooss, dass si en Tour wëlle weiderkommen. Den Organisateur hat sech an den éischten 30 Minutte schonn eng Avance vu véier Goler erausgespillt, sou dass et mat 12:8 fir Thessaloniki an d'Paus goung.

Virun allem d'Panagiota Argiropoulou kruten d'Käerjengerinnen net an de Grëff. D'Griichin huet 10 Goler geschoss a war domat Player of the Match. Si huet dozou bäigedroen, dass Thessaloniki d'Avance weider ausbauen a schlussendlech 26:19 gewanne konnt. Op Käerjenger Säit waren d'Tina Welter (5) an d'Teodora Galic (4) nees bescht Goalgetteren.