Käerjeng an Diddeleng verléieren hir Matcher

© Serge Olmo
Am zweeten Tour vum EHF Cup bei den Damme war den HBK zu Thessaloniki mat 21:24 ënnerleeën. Den HBD verléiert och den zweete Match géint Bjelovar.
De Champion Käerjeng huet sech beim éischten Optrëtt op europäeschem Niveau mat 21:24 géint Pylea Thessaloniki musse geschloe ginn. D'Lëtzebuerger Vertriederinnen hunn de Match am Ufank enk gehalen a sinn eréischt an der 18. Minutt eng éischt Kéier mat dräi Goler a Réckstand geroden. An der Paus stoung et 14:12 fir d'Griichinnen.
D'Trainerin Ljubica Jurleta hat an der Paus wuel déi richteg Wierder un hir Damme geriicht, well Käerjeng konnt no 39 Minutten ausgläichen. Duerno huet Thessaloniki awer mat engem 4:0-Laf de Käerjengerinnen de Wand aus de Seegele geholl an dës Avance konstant bis an d'Schlussphas gehalen. D'Luiza Maria Dascalu konnt mat der leschter Aktioun, engem Siwemeter, nach verkierzen, woumat Käerjeng nach ëmmer eng gutt Ausgangspositioun fir den zweete Match huet. Dëse gëtt e Sonndeg och zu Thessaloniki gespillt. D'Tina Welter (6 Goler), déi an der 49. Minutt mat Rout vum Terrain gesat gouf, an d'Teodora Galic (5) hu fir Käerjeng am beschte markéiert.
Nodeems d'Damme vum Handball Diddeleng e Freidegowend scho mat 17:34 ënnerleeë waren, gouf et am Retourmatch e Samschdeg eng 21:31-Defaite géint ZRK Bjelovar aus Kroatien. An der Paus stoung et schonn 18:8 zu Gonschte vun de Gäscht.