Ninja Warrior fir jiddereen: Nei urban Fitness-Hal zu Esch
Vum nächste Méindeg 16. Oktober u ka jiddereen och hei am Land ausprobéieren, wat e vu grousse Tëleesemissioune kennt, en Ninja-Warrior-Parcours.
Sou ka jidderee fir sech erausfannen, wéi schwéier oder einfach dës Ninja-Warrior-Übungen, zum Beispill d’Himmelsleiter, déi een op der Tëlee gesäit, wierklech sinn. Dat eenzegt, wat een dofir brauch, si Sportschong fir bannen a relax Sportskleedung.
Dëst ass awer nëmmen een Deel vun der 3.000 Quadratmeter grousser Hal, an där sech alles ronderëm Sport mam eegene Kierpergewiegt dréint. "Et ass eng méi flott Aart a Weis, fir Fitness ze maache wéi am normale Fitnessstudio", seet de Mike Kaboth, ee vun den Käpp hannert dem Konzept. Op 1.000 Quadratmeter Wandfläch dréint sech alles ronderëm d'Boulderen, also d'Klammen ouni Seel op bis zu 4,5 Meter Héicht. Mee och Parcours, Calisthenics a Yoga ginn ugebueden. Souwuel als Coursë wéi och einfach esou, fir ze probéieren ouni Trainer. An der neier Hal Sport maachen ka jiddereen, fir Kanner si speziell Boulderberäicher faarflech markéiert.
2019 ass hinnen d'Iddi komm, eng Plaz ze schafen, wou Boulderen am Mëttelpunkt steet, souwuel fir Kanner wéi och Erwuessener, an dat ouni Virkenntnesser ze hunn. Mat der Visioun fir d'Leit aus der Groussregioun fir d'Boulderen ze begeeschteren, hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, sech ze verbesseren, sou dass an Zukunft vläicht emol e Lëtzebuerger an dëser Sportaart un den Olympesche Spiller kann deelhuelen. Zanter den Olympesche Spiller zu Tokio 2021 ass Boulderen eng vun den dräi Disziplinnen am Klammsport, déi olympesch ass.
E Samschdeg 2. Dezember gëtt dat national Boulder-Championnat an der neier Hal organiséiert.
De Wee vun der Iddi bei de fäerdege Projet war allerdéngs keen einfachen. "D'Terraine sinn zu Lëtzebuerg ze deier. Amfong ass et onméiglech hei am Grand-Duché esou eng Iddi ze realiséieren. Méiglech ginn, ass et just, well de Proprietär vum Terrain, op deem d'Hal elo steet, Deel vun der Ekipp ass", seet den Tom Wecker, deen zanter 2019 matgeplangt huet.