Dat seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl virum Grousse Präis vum Katar, op deem d'Decisioun ëm de WM-Titel fale kéint.

Wuel déi Mannst haten domat gerechent, datt et nach emol esou enk um Enn vun der Saison géif ginn. De Lando Norris op McLaren huet bei 58 Punkten, déi nach maximal fir e Pilot ze kréie sinn, 24 Punkten Avance op säin Equipier Oscar Piastri an et kann ee roueg soen, just nach 24 op de Red-Bull-Pilot an aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen. Zwee Grand-Prixe viru Schluss huet awer ee Pilot nach alles selwer an der Hand, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

"De Lando Norris huet eng Hand scho ferm un der Weltmeeschterpokal. Hie muss just eng Handvoll Punkte mat heembréngen, dat op engem Sprint-Weekend, wou et der souwisou méi ginn, dat ass u sech eng relativ einfach Saach. Wann hien allerdéngs elo sollt en Ausfall hunn, ob elo technesch oder accidentméisseg, an de Max Verstappen gewënnt déi Course, an dat Ganzt geet op Abu Dhabi, da géing ech net onbedéngt meng Suen op de Lando Norris setzen, well da kéinten d'Nerven eng ze vill grouss Roll spillen." 

De Losai International Circuit mat senge 5,42 Kilometer ass an deenen nächsten dräi Deeg eng Erausfuerderung fir Mënsch, Maschinn a Pneuen:

"Et ass dat, wat d'Englänner géifen e "Big Boys Track" nennen. Et ass e proppere Circuit. Et ass vill Appui verlaangt. Do ass e Circuit, wou ee wierklech muss den Auto astelle kënnen an engem ganz breede Fënster, wou enorm vill Appui an enorm vill vun de Piloten och verlaangt gëtt, physesch gesinn. Et ass e Circuit, deen d'Pneue wuertwiertlech opfrësst. Dofir huet Pirelli och eng Limitt ausgeschwat dëse Weekend vu maximal 25 Ronnen. Dat ass wierklech d'Tribut dozou, wéi haart dee Circuit d'Pneue fuerdert."

Wat awer fir de ganze Formel-1-Zirkus richteg sauer ass, ass den Transfert vum kale Las Vegas am Weste vun den USA, eriwwer an de waarme Katar an zousätzlech engem Zäitënnerscheed vun eelef Stonnen. D'Pilote kréien et do mat alle Moyene sou einfach wéi méiglech gemaach, fir de Rescht vum Formel-1-Tros ass et awer alles anescht wéi evident, seet de fréiere Formel-1-Ingenieur Dominique Riefstahl:

"Knapp 24 Grad Temperaturënnerscheed, dat ass dat, wat d’F1-Personal erwaart. D'Mecaniciene fléien an der Reegel direkt vu Las Vegas op Katar, op engem Sonderfluch. Déi hunn dann een, zwee Deeg sur place fir sech kënnen unzepassen, woubäi déi majoritär englesch-lastesch Formel-1-Besatzung e bëssen e Problem domadder huet, dass Katar en dréchent Land ass an dass se do net e klenge Béierche beim Pool kënne genéissen, fir da sech och un déi lokal Wiederkonditiounen unzepassen. Fir d'Ingenieuren ass meeschtens dat Schwieregst, dass se nach en Tëschestopp an Europa maachen, dass se ganz normal Schaffdeeg hunn, mat Meetingen, mat schaffen, mat de ganzen Dag um Büro sinn."

Et gëtt op jiddwer Fall richteg spannend déi nächst Deeg. Virun engem Joer war de Max Verstappen an der Qualifikatioun dee Séiersten a stoung um Enn mat sengem Red Bull och ganz uewen um Podium. D'Plazen Zwee an Dräi ware fir de Charles Leclerc op Ferrari an den Oscar Piastri op McLaren. De Lando Norris hat sech misse mat der zéngter Plaz zefridde ginn.