Delegatioun mat sechs Lëtzebuerger Schwëmmer fiert op d'EM zu Lublin
© AFP
D'EM am 25-Meter-Basseng ass den éischte groussen internationale Rendez-vous fir d'Lëtzebuerger Ekipp an der Saison 2025/26.
Zu Lublin a Polen, eng 170 Kilometer vu Warschau fort, sinn d'Kompetitioune vum 30. November bis den 8. Dezember. Lëtzebuerg ass mat enger Delegatioun vu 6 Leit representéiert. Nieft dem Finn Kemp an dem João Carneiro sinn dat nach de Florian Frippiat an den Anton Fedossev, déi allebéid fir déi éischte Kéier an enger Senior-Selektioun sinn. D'Damme si fir déi éischt Kéier zënter 2022 nees op enger EM vertrueden, fir d'FLNS sinn d'Leeloo Reinesch an d'Lou Jaminet mat dobäi.
Aqua Lublin zu Lublin ass ee vun deene modernste Schwamm-Installatiounen a Polen an huet Plaz fir ronn 2.000 Spectateuren. Et ass fir déi 23. Kéier, datt eng EM am 25-Meter-Basseng geschwomme gëtt. Am Ganze ginn 42 nei Europameeschter an deene verschiddenen Disziplinne gesicht.