De 17 Joer ale Yoan Pereira aus Lëtzebuerg huet en Donneschdeg de WM-Titel mat der portugisescher U17-Nationalekipp gefeiert.

D'U17-Futtballnationalekipp vu Portugal huet sech mat enger 1:0-Victoire géint Éisträich en Donneschdeg am Katar de Weltmeeschtertitel geséchert. En Deel zum grousse Succès bäigedroen huet de 17 Joer ale Yoan Pereira. An der 1/2-Finall géint Brasilien hat de Lëtzebuerger Defenseur nach am Eelefmeterschéisse seng Aufgab gemaach a vum Punkt markéiert. An der Finall gouf hien an der 66. Minutt beim Stand vum 1:0 agewiesselt an huet d'Féierung erfollegräich iwwer d'Zäit bruecht.

De Yoan Pereira gouf zu Lëtzebuerg am Joer 2008 gebuer an ass no senge Jugendveräiner zu Uewerkuer a Rodange iwwert de Stater Racing an d'Akademie a Portugal gewiesselt. No engem Joer an der U15 vun Alba ass et 2023 fir hie weider bei den FC Porto gaangen, wou hie sech bis rezent an d'U19 erop spille konnt.