17 Rout Kaarten no Massekläpperei bei bolivianeschem Futtballmatch
© Val Wagner (Archiv)
E Mëttwoch den Owend ass et am Retourmatch vun der 1/4-Finall an der Coupe a Bolivien tëscht Real Oruro a Blooming zu uergen Ausernanersetzunge komm.
Beim Stand vun 2:2 sinn d'Spiller an de Staff vu béiden Ekippen um Enn vum Match uneneegeroden. Ausléiser soll e Spiller vun der Lokalekipp Oruro gewiescht sinn, dee provokativ Richtung Tribün d'Qualifikatioun vu senger Ekipp fir déi nächst Ronn soll gefeiert hunn. Doropshi wier et zu der Ruddelbildung um Terrain komm, bei där mat Fäischt openeen ageschloe gouf. Dobäi gouf et eng Rei Blesséierter. Beispillsweis huet den Trainer vun Oruro wéinst Bluttgerinnsel am Kapp missen an d'Spidol ageliwwert ginn an de Manager vu Blooming huet sech eng Rei Frakturen am Gesiicht zougezunn.
Well sech d'Situatioun net vum selwe berouegt huet, ass och d'Police mat Tréinegas an den Asaz komm. Den Arbitter huet duerno zéng Rout Kaarten un d'Lokalekipp a siwe Stéck un d'Gäscht verdeelt. Wéinst der grousser Gewalt gëtt vun der Disziplinarkommissioun vum bolivianesche Futtballverband erwaart, datt elo grouss Strofe géint déi Bedeelegt a géint béid Veräiner verhaange ginn.
Och op der Tribün ware Supporter vu béiden Ekippen uneneegeroden.