Diddeleng verléiert 71:97 a Spuenien
Um Mëttwoch huet den T71 Diddeleng den 1. Match an der Gruppephas vum EuroCup gespillt. A Spuenien stoung e Match géint d'Topekipp Spar Girona um Programm.
D'Lokalekipp aus Spuenien huet de Match vun Ufank u bestëmmt a louch fréi am Match a Féierung, allerdéngs hunn d'Gäscht aus Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht, Akzenter ze setzen. An der Paus war den T71 35:50 hannen. Nom Säitewiessel huet de Favorit Girona de Match mat engem weidere Laf definitiv entscheet.
Diddeleng huet bis zum Schluss gekämpft an dofir gesuergt, dass de Réckstand net ze grouss ginn ass, de leschte Véierel huet d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann mat 22:15 gewonnen. D'Mia Loyd war mat 27 Punkten déi stäerkste Spillerin op Säite vun Diddeleng.
Um Donneschdeg start de Champion Gréngewald an d'Aventure EuroCup, dat mat engem Heemmatch géint Brno, eng Ekipp aus Tschechien.