En Donneschdeg huet de BBC Gréngewald Hueschtert den éischte Match an der Gruppephas vum EuroCup gespillt.

Géint Tany Brno aus Tschechien gouf et um Enn eng 59:76-Defaite.

Mam Marie-Bernadette Mbuyamba huet eng nei Profispillerin beim Gréngewald gespillt. De Start an de Match ass der Heemekipp allerdéngs net gegléckt. Séier war de Lëtzebuerger Champion mat 3:12 hannen.

Ganz staark war dunn d'Reaktioun am zweete Véierel, deen de Gréngewald mat 21:13 gewanne konnt an an der Paus war d'Lokalekipp bei 34:41 nees am Match.

An der zweeter Hallschecht huet et un der néideger Reussite gefeelt, fir sech nach emol op Aenhéicht erunzekämpfen. Um Enn hu sech d'Gäscht aus Tschechien mat 76:59 duerchgesat. Déi meeschte Punkte beim Gréngewald hat d'Lauren Van Kleunen mat 21.

E Mëttwoch hat den T71 Diddeleng 71:97 a Spuenien géint Spar Girona verluer. Nächst Woch spillt de Gréngewald Mëttwochs an der Tierkei, Diddeleng ass donneschdes doheem géint eng Ekipp aus der Slowakei am Asaz.