Um Sonndeg war et d'Suite vum fënnefte Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Hären.

Hären

Den Opsteiger Mambra Mamer ass mat 4 Victoiren noeneen an d'Saison gestart, um Sonnde gouf et awer an eegener Hal déi éischt Defaite fir d'Ekipp vum Trainer Mike Smith, dat géint den T71 Diddeleng. Bei de Gäscht huet de Steve Lanners an der éischter Hallschecht 20 Punkte markéiert, dovu 6 Dräier, an den T71 huet eng knapp Avance mat an d'Kabinne geholl (51:46). Mamer huet sech an der zweeter Hallschecht ëmmer nees zeréck an de Match gekämpft, mee Diddeleng konnt sech 5 Minutte viru Schluss entscheedend ofsetzen a wënnt um Enn mat 99:82.  Beschte Scorer bei de Gäscht war de Londell King mat 27 Punkten, Diddeleng huet mat 35 Punkten am véierte Véierel dofir gesuergt, dass d'Resultat um Enn souguer däitlech ass. Béid Ekippe stinn no dësem Match punktgläich an der Tabell mat jeeweils 9 Punkten. Duerch d'Néierlag vu Mamer steet d'Résidence Walfer nom 5. Spilldag eleng un der Tabellespëtzt.

D'Etzella Ettelbréck konnt sech géint d'Kordall Steelers fréi am Match ofsetzen, an der Paus hat de Coupe-Gewënner vun der leschter Saison d'Partie scho bal entscheet a louch 55:34 a Féierung. Um Enn gouf et eng kloer 104:58 Victoire fir d'Etzella. All 9 Spiller vun der Lokalekipp hu Punkte markéiert, de Philippe Gutenkauf hat um Enn 24 Punkten um Kont.

De Veräin Amicale Steesel feiert dëse Weekend säi 75-järege Jubiläum an hat dobäi och sportlech Grond ze feieren. Op Besuch war d'Sparta Bartreng, déi dëse Match nëmm konnten e puer Minutten enk gestalten. Nodeems et 18:18 gläich stoung, huet d'Lokalformatioun sech bis zur Hallschent ëmmer weider ofgesat. Ganzer 61 Punkten huet d'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao bis zum Säitewiessel markéiert a louch komfortabel mat 19 Punkte Virsprong a Féierung. D'Gäscht vu Bartreng hu gekämpft, kruten de Réckstand
awer net méi wäit wei op 11 Punkte reduzéiert, dat souwuel am drëtte Véierel wéi och nach emol ronn 6 Minutte viru Schluss. D'Amicale setzt sech um Enn kloer mat 109:86 duerch. 7 Spiller vun der Lokalekipp hu mindestens 9 Punkten markéiert, de Kim Aiken Jr huet mat 25 Punkten am beschte getraff.

Kollektiv Meeschterleeschtung vun der Amicale
Bartreng huet allerdéngs vill Verletzter an huet kuerzfristeg missen op der Amerikaner Positioun reagéieren.

De Co-Leader Résidence Walfer steet op mannst um Samschden-Owend eleng un der Tabellespëtzt. D'Ekipp vum Trainer Dragan Stipanovich huet de Gréngewald Hueschtert an enger eesäiteger Partie mat 95:74 geklappt. D'Résidence huet 19 Schëss vun hanner der Dräierlinn getraff an sech fréi am Match ofgesat. D'Gäscht, déi des Saison nach kee Match gewanne konnten, hu mam Ricardo Saams en neie Profispiller agesat, hien ersetzt de Romelo Burrell.

No enger enker éischter Hallschecht huet Conter huet de Match géint d'Arantia Fiels mat engem 21:3-Laf zum Optakt vum drëtte Véierel un sech gerappt. Am leschte Véierel ass et nach emol spannend ginn, Contern wënnt um Enn mat 91:79 a séchert sech domat déi éischte Victoire des Saison. Den Henry Pwono mat 25 Punkten an de Charel Moes mat 23 hu Conter gehollef des Victoire ze feieren.

De Basket Esch setzt sech kloer mat 92:65 géint d'Musel Pikes duerch. Schonn nom éischte Véierel louch d'Heemekipp 25:11 vir. Den Jordan Hicks konnt mat 29 Punkten iwwerzeegen.

Dammen

Bei den Damme bleift d'Amicale Steesel ongeschloen a setzt sech 89:79 géint Wolz duerch. Mat 37 Punkte war d'Mikayla Ferenz déi beschte Spillerin vum Match.

De Gréngewald Hueschtert iwwerrennt Zolwer mat 124:70. 7 Spillerinne vun de Gäscht hu mindestens 12 Punkte markéiert, all 11 agesate Spillerinne vun der Ekipp hu Punkte geworf, d'Amanda Cahill huet mat 28 Punkten am beschte getraff fir de Champion.

E Match deen eréischt an de leschte Sekonnen entscheet gouf hunn d'Zuschauer zu Conter gesinn. D'Lokalekipp hat a Persoun vum Lou Mathieu eng leschte Chance de Match ze gewannen, de schwéieren Dräipunkteworf huet d'Zil allerdéngs net fonnt an d'Sparta Bartreng konnt sech mat 61:59 behaapten. Mat 20 respektiv 19 Punkten hunn d'Martha Burse an d'Jovana Jaksic déi meeschte Punkte fir d'Gäscht markéiert.

Spannend war et och zu Esch wou d'Lokalekipp sech mat 71:67 géint d'Musel Pikes duerchgesat huet. D'Spillerin vum Match war ouni Zweiwel d'Tatsiana Likhtarovich mat staarke 40 Punkten. Fir Esch war et déi éischte Victoire des Saison, d'Musel Pikes hunn nach kee Match gewonne.