Walfer eliminéiert Diddeleng, Steesel an Etzella en Tour weider

Um Donneschdeg war d'Suite vun den 1/8-Finallen an der Coupe bei den Dammen an Hären.
Hären
D'Résidence Walfer huet, wéi schonn e puer mol dës Saison, e staarke Start an de Match erwëscht a louch séier 9:0 vir. D'Gäscht vun Diddeleng, déi ouni den Denell Stephens ugetruede sinn, hunn awer mat engem 11:0-Laf reagéiert an et sollt sech e flotte Match entwéckelen, an deem béid Ekippe séier gespillt hunn. D'Heemekipp konnt sech am drëtte Véierel ofsetzen, mee Diddeleng ass zeréck an de Match komm an et ass spannend bliwwen, den T71 hat sech 5 Minutte viru Schluss op 5 Punkten eru gekämpft. Walfer huet de klenge Virsprong an der Schlussminutt clever geréiert an wënnt mat 77:70. Mat 23 Punkten huet de Leon Ayers am beschte getraff. Vun der Bänk konnt de Christian Rodriguez 20 Punkte bäisteieren, Walfer huet nëmme 6 Spiller agesat, dës kleng Rotatioun ass awer duergaangen.
Zolwer ass géint Steesel mat engem 10-Punkte-Virsprong an de Match gestart a konnt dëse séier op 16 Punkten ausbauen (21:5). D'Reaktioun vum Favorit aus der LBBL ass awer direkt komm a schonn um Enn vum éischte Véierel stoung et 30:30 gläich. Um Enn wënnt Steesel 89:69, den Alex Laurent huet 17 Punkte markéiert fir d'Gäscht.
Souverän an d'1/4-Finall agezunn, ass d'Etzella Ettelbréck, dat mat enger 97:62-Victoire géint d'Kordall Steelers. D'Lokalekipp huet 13 Dräier getraff, de Brandon Johnson huet mat 26 Punkten déi meeschte Punkte markéiert am Match. Eng schlecht Noriicht gouf et trotzdeem fir Ettelbréck, de Yann Wolff ass an der éischter Hallschecht ëmgeknéckt a konnt net weider spillen.
Um Dënschden a Mëttwoch hate sech scho Bartreng, Esch, d'Fiels, Hiefenech a Mamer fir de nächsten Tour qualifizéiert.
Dammen
Bei den Damme koum et zum Duell tëschent Miersch a Schieren aus der Nationale 2, um Enn wannen d'Gäscht vu Schieren 60:45.
Um Mëttwoch hate sech scho Steesel, Wolz a Conter fir de nächsten Tour qualifizéiert. Bartreng an Hesper stinn och an der 1/4-Finall.
Verluecht goufen d'Matcher East Side Pirates géint de Gréngewald Hueschtert (3. November) a Musel Pikes géint den T71 Diddeleng (11. November), dat well de Gréngewald an Diddeleng dës Woch am EuroCup am Asaz sinn.