Um Mëttwoch hunn de Gréngewald Hueschtert an den T71 Diddeleng de véierte Match vum EuroCup gespillt.

Den T71 Diddeleng huet säin drëtten an domat leschten Heemmatch vun der Kompetitioun gespillt. Géint Girona aus Spuenien konnt d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann am Ufank iwwerzeegen. Mat flotten Aktioune konnt Diddeleng de Match enk gestalten, am zweete Véierel hunn d'Gäscht sech liicht ofgesat a louchen an der Paus mat 48:35 a Féierung. No der Paus koum d'Lokalekipp souguer op 6 Punkten erun a konnt den drëtte Véierel mat 20:17 gewannen. Um Enn setzt sech d'Topp-Ekipp aus Spuenien mat 86:68 duerch. Insgesamt huet Diddeleng eng Leeschtung gewisen, op déi de Club sécherlech kann houfreg sinn. D'Ehi Etute huet mat 17 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegt, d'Miay Loyd koum op 18 Punkten.

Eurocup am DammeBasket / Shari Shenten

Den Diddelenger Trainer Jérôme Altmann war dann och zefridde mat der Prestatioun vu senger Ekipp. Dës wier eng Zort Belounung, fir d'Leit, déi de Veräin nieft dem Terrain ënnerstëtzen.

De Jérôme Altmann nom Match géint Girona

Ouni déi blesséiert Opbauspillerin Samantha Logic huet de Gréngewald Hueschtert auswäerts an Tschechien géint Brno net an de Match fonnt. No 10 Minutte louch de Lëtzebuerger Champion 12:26 hannen, am zweete Véierel sollt de Géigner nach e Gank méi héich schalten, an der Paus war d'Resultat mat 31:64 schonn däitlech. Zwar konnt de Gréngewald den drëtte Véierel fir sech entscheeden (12:8), um Enn steet mat 59:95 allerdéngs eng däitlech Defaite um Pabeier. Mat 25 Punkten huet d'Amanda Cahill am beschte getraff fir Hueschtert.

RTL

© Screenshot FIBA

Béid Lëtzebuerger Ekippen hunn domat déi éischt 4 Matcher verluer. Déi nächst Matcher an dëser Kompetitioun stinn den 22. an 23. November um Programm, da spillt den T71 auswäerts an der Slowakei géint Pietanske an de Gréngewald kritt Besuch vun Antalya aus der Tierkei.