De Futtball- an Athletikexpert publizéiert och an enger Zäitschrëft vun der Däitscher Futtball-Federatioun DFB.

Dem Claude Origer seng Aarbecht als Fitnesscoach vun de Roude Léiwen / Reportage Serge Olmo

De Claude Origer war jorelaang op e puer Plaze Jugendtrainer an ass do lues a lues an d'Direktioun Athletiktrainer gaangen. Hien huet awer zum Beispill beim Carlo Weis nieft dem Atletiktraining och de Coach assistéiert. Dat selwecht war och mat vill Erfolleg de Fall beim Michel Leflochmoan, wou béid mat Diddeleng 5 Mol Champion goufen an 3 Couppe gewonnen hunn. Den Origer, deen den A-Schäin an d'UEFA Pro Lizenz huet, war och Cheftrainer um Stater Racing an zanter méi wéi 10 Joer schafft hie mam Luc Holtz bei der Nationalekipp.

De Fitnesscoach hat jorelaang net méi vill publizéiert an huet nees elo kuerz domadder ugefaangen. Wéi koum et zu der Kollaboratioun bei der Zäitschrëft "Fußballtraining" vum DFB?

Zu Zäite vu mengem Studium op der Uni hat ech 2 Ex-Interniste vun der däitscher Futtballnationalekipp als Prof. Mir ass et ëmmer drëms gaangen, et méi uschaulech ze maache mat Trainingsmethoden, déi net nëmmen um Pabeier sinn, mee déi een och wierklech an der Praxis mécht.

Et geet jo net onbedéngt drëms, Artikelen ze schreiwen, fir déi just nëmme kënnen ze publizéieren. Do wëll ee jo natierlech eppes domadder bewierken?
 
Et ass jo net jiddereen e Sportwëssenschaftler an dat fält och net jidderengem einfach. Och am Athletikberäich si ganz vill Leit Athletiktrainer mat iergendenger Zousazausbildung, déi awer ni e sportwëssentschaftlecht Studium gemaach hunn. Dofir ass et och wichteg, datt Berichter erauskommen, déi vläicht manner sportwëssentschaftlech sinn, mee méi Trainingspraktesch bezu sinn, fir déi dann och kënnen am Alldag unzewenden.

Vu datt quasi all d'Spiller vun der Nationalekipp aus Profiveräiner kommen, ass et eminent wichteg, sech mat deene Veräiner ofzeschwätzen. D'Kollaboratioun bei de Roude Léiwen ass bestëmmt intressant awer sécher net ëmmer evident. Et ass natierlech en Zesummespill mam Nationaltrainer awer net nëmmen.

Et fänkt bei de Spiller un. Mir brauchen d'Spiller. Mir mussen d'Spiller och kënne weider entwéckelen. Et muss och Vertrauen do sinn. Esou ass et hei och. Et ass en Trainerteam, wou ee muss zesummeschaffen an do muss een Zännrad an dat anert gräifen, soss ass do näischt méiglech. Natierlech schwätze mir eis ëmmer of, natierlech maache mir d'Preparatioun zesummen, kucke wéi wat zesumme passt.

Heiansdo si verschidde Spiller net bei hire Stammveräiner am Training an dat aus verschiddenen Ursaachen esou wéi zum Beispill wéi de Krich an der Ukrain ugoung. Och do huet de Fitnesstrainer vun der Nationalekipp eng wichteg Roll.

Mir hunn och oft Spiller an der Vergaangenheet hei gehat, wéi den Dirk Carlson oder de Vincent Thill an och déi Spiller, déi deemools an der Ukrain waren. Si waren op Lëtzebuerg komm an hunn och hei trainéiert, wou och eng gutt Kollaboratioun mam LIHPS war. Dat Ganzt och a Kollaboratioun mam Mario Mutsch a mam Luc.

Déi Zesummenaarbecht vu méi wéi 10 Joer mam Luc Holtz an der Nationalekipp kéint dem Claude Origer roueg nach weidergoen.

Jo natierlech, ech ka mir dat ganz gutt virstellen. Ech mengen de Kontrakt dee leeft aus, esouwuel dem Luc säi wéi och mäin. Et sinn elo nach 2 Matcher géint Bosnien a géint Liechtenstein an da kucke mir wéi et weidergeet. Ech ka mir sécher virstellen, weider ze fuere mam Luc.

Nieft sengen Aktivitéite bei der Nationalekipp huet de Claude Origer nach e volle Kader als Sportsprof am Lycée Technique zu Ettelbréck.