Bartreng klappt d'Fiels, d'Damme vum Gréngewald bleiwen ongeschloen
Um Freiden a Samschde war den Optakt vum 7. Spilldag bei den Dammen a vum 9. Spilldag bei den Hären an der LBBL.
Hären
Mam Hassan Thomas huet bei der Sparta Bartreng en neie Profispiller matgespillt, hien ersetzt de Lavone Holland bei der Ekipp vum Trainer Christophe Flammang. Wéinst Probleemer mat der Auer huet de Match zu Bartreng géint d'Arantia Fiels ronn 10 Minutte méi spéit ugefaangen. D'Gäscht aus der Fiels waren dunn awer hellwakereg a louche schnell 10:0 a Féierung. D'Sparta huet reagéiert an de Match gedréint, dat obwuel den neie Profi Thomas fréi mat Foulproblemer misst op der Bänk Platz huelen. Mat engem staarken zweete Véierel huet sech d'Lokalekipp ofgesat a konnt de Virsprong an der zweeter Hallschecht weider ausbauen. D'Gäscht konnte sech kuerz viru Schluss nach emol op 4 Punkten eru kämpfen, um Enn wënnt Bartreng mat 84:80 an zitt domat an der Tabell mam Géigner gläich. Iwwerzeegt huet bei der Lokalekipp de Max Logelin, deen 28 Punkten markéiere konnt.
D'Amicale Steesel steet no enger 94:76-Victoire géint d'Musel Pikes eleng un der Tabellespëtzt, dat well de Co-Leader Résidence dëse Weekend net am Asaz ass. Nees eng Kéier huet d'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao am Kollektiv iwwerzeegt, fënnef Spiller hu mindestens 10 Punkte markéiert, de Kim Aiken an de Lou Demuth haten allebéid 17 Punkten um Kont. D'Gäscht haten ouni de verletzten Tom Welter net genuch Ënnerstëtzung fir hir béid Profispiller Green a Bibbs, déi als Duo 58 vun de 76 Punkte markéiert hunn.
Dammen
Bei den Dammen huet sech um Freiden den AB Conter mat 66:44 géint d'Musel Pikes duerchgesat. D'Lokalekipp huet dëse Match vun Ufank un dominéiert, d'Francesca Wurtz konnt mat 22 Punkten iwwerzeegen.
Um Samschde stounge sech zu Steesel d'Amicale an de Champion Gréngewald Hueschtert am Toppmatch géintiwwer. D'Gäscht si staark an de Match gestart mat 28 Punkten an den éischten 10 Minutten, dorënner 7 Dräier. Steesel ass duerch d'Mikayla Ferenz an d'Esmeralda Skrijelj dru bliwwen, louch an der Paus awer knapp mat 37:42 am Réckstand. Et huet bis an de leschte Véierel gedauert, bis sech d'Gäscht konnten entscheedend ofsetzen, um Enn bleift de Champion Gréngewald ongeschloen no enger 89:70-Victoire. D'Samantha Logic huet dobäi nëmme knapp en "triple double" verpasst, si koum op 23 Punkten, 12 Assists an 9 Rebounds.
D'Sparta Bartreng setzt sech souverän mat 82:61 zu Wolz duerch. D'Martha Burse huet mat 22 Punkten am beschte getraff fir d'Gäscht, déi weider op der éischter Platz an der Tabell stinn.