Tennis
7. Succès fir den Novak Djokovic bei den ATP Finals

© afp
De Serb huet dem Italieener Jannik Sinner keng Chance gelooss an eng eesäiteg Finall fir sech entscheet.
Um Enn huet den Novak Djokovic d'Finall mat 6:3 a 6:3 gewonnen. Vun Ufank u war de Favorit iwwerleeën an huet dem Sinner, deen de Serb an der Gruppephas nach geklappt hat, am éischte Saz direkt de Service ofgeholl. Dat ass duergaangen, fir déi éischt Manche ze gewannen. Och am 2. Saz gouf et e fréie Break, deen den Djokovic am weidere Verlaf net méi hierginn huet.
Säit 2008 huet den Djokovic d'ATP Finals siwe Mol fir sech entscheet.
Am meeschte gelies