Eagles wanne Spëtzematch géint Chiefs, Lions a Browns weider op Gewënnerstrooss

© Photo by JAMIE SQUIRE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Wat d'Saison méi laang geet, wat sech ëmmer méi erauskristalliséiert, wéi eng Ekippen et an d'Playoffs packen a wie Favorit op de Super Bowl gëtt.
Et sollt net wierklech e Match fir Fans vum offensive Football ginn, wéi d'Browns e Sonndeg d'Steelers doheem empfaangen hunn. An der Paus hat d'Ekipp aus Cleveland eng 10:0-Avance, déi d'Steelers awer bis Ufank vum leschte Véierel ophuele kënnen. No engem "Punt-Festival" an de leschte Minutten, wou de Ball ëmmer nees d'Säite gewiesselt huet, geléngt de Browns mat nach zwou Sekonnen op der Auer e weidere Field Goal. Déi eng Aktioun, déi d'Steelers nach haten, ass net duergaangen, fir nach Punkten ze huelen. Esou wannen d'Browns dës Partie 13:10.
Spannend war och d'Partie tëscht de Lions an de Bears, an där d'Ekipp aus Chicago de Léiwen aus Detroit d'Liewe méi schwéier gemaach huet, wéi déi et sech erhofft haten. Ëmmer nees huet eng aner Ekipp an dëser d'Partie d'Féierung iwwerholl. Esou waren d'Bears 7:0 vir, d'Lions sinn awer mat 14:10 an d'Paus gaangen. Dono hunn d'Browns nees d'Féierung iwwerholl a sech 26:14 ofgesat. Am leschte Véierel hunn d'Lions dunn awer richteg ofgerappt, zwee Touchdowns an ee Safety hunn zu 17 Punkte gefouert, mat deene si op de leschte Meter dës Partie nees dréinen a mat 31:26 fir sech entscheede konnten.
Wéi erwaart gouf d'Openeentreffe vun zwou vun de beschten Ekippe vun dëser Saison e Spektakel. Déi éischt Hallschent hunn d'Chiefs doheem dominéiert a ware 17:7 am Avantage. Ma nom Pausentéi hat d'Attack vun den Chiefs ëm Patrick Mahomes an Travis Kelce keng Solutioun géint d'Defense vun den Eagles an dat huet der Attack vun den Eagles ëm Jalen Hurts an Jason Kelce et erméiglecht, dës Partie mat just zwee weideren Touchdowns ze dréinen a mat 21:17 ze gewannen. Et ass iwwregens déi éischte Kéier a fënnef Dueller, datt den Jason Kelce en NFL-Match géint säi klenge Brudder gewanne konnt.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Bengals - Ravens 20:34
Cowboys - Panthers 33:10
Steelers - Browns 10:13
Bears - Lions 26:31
Chargers - Packers 20:23
Cardinals - Texans 16:21
Titans - Jaguars 14:34
Raiders - Dolphins 13:20
Giants - Commanders 31:19
Buccaneers - 49ers 14:27
Jets - Bills 6:32
Seahawks - Rams 16:17
Vikings - Broncos 20:21
Eagles - Chiefs 21:17