Wien huet déi bescht Kaarten, fir sech ze qualifizéieren?
An 8 Méint start déi 33. Editioun vun den Olympesche Summerspiller zu Paräis.
Manner wéi 300 Kilometer vum Grand-Duché ewech sinn an 48 Disziplinne ronn 11.000 Athleten an Athletinnen dobäi. Am Cyclissem gëtt et eng Startplaz fir ee Mann an eng Damm. D'Nimm stinn awer nach net fest. Bis dato huet sech eng Sportlerin fir Paräis qualifizéiert, woubäi nach weider Lëtzebuerger dobäi kéinte kommen.
Ganz sécher mat dobäi ass d’Patrizia Van der Weken. D’Sprinterin wäert sech am Laf vum nächste Joer awer och op d'Indoor-WM zu Glasgow an op d'Outdoor-EM zu Roum konzentréieren.
Fir awer och déi aner potentiell Kandidaten op Paräis ze preparéieren, huet de Lëtzebuerger Olympesche Comité de leschte Weekend ee Camp organiséiert. D'Zil war et, ze informéieren an och ee klore Plang opzestellen, wéi déi nächst Méint am Fall vun enger Qualifikatioun géingen ausgesinn.
D'Qualifikatiounsphas fir Olympia geet den 30. Mee 2024 op Enn. Den 8. Juli steet d'Team Lëtzebuerg dann offiziell fest. Zu Tokio virun 3 Joer waren 12 Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen um Depart. Fir 2024 sollen et der awer och net vill manner ginn.
Déi bescht Chancë ginn et fir d'Triathletin Jeanne Lehair, d'Dëschtennis-Spillerin Ni Xia Lian, d'Dressur- a Sprangreider Nicolas Wagner a Victor Bettendorf. Och de Finalist iwwer 1.500 Meter virun 3 Joer, de Charel Grethen, kéint mat dobäi sinn.
Hoffnunge kënne sech awer och d'Liichtathlete Bob Bertemes a Vera Hoffmann maachen. Donieft kommen am Dëschtennis d'Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic, am Bouschéissen de Jeff Henckels, am Badminton d'Kim Schmidt an am Fechten de Flavio Giannotte fir Paräis a Fro. Mee och fir déi béid Schwëmmer Ralph Daleiden a Rémi Fabiani kéint Paräis een Thema sinn.