E Freideg sinn déi nei Ministere vun der CSV-DP-Regierung Frieden-Bettel vereedegt ginn. Am Sport ersetzt deen ee Georges deen aneren.

De Georges Mischo iwwerhëlt d'Ressorten Aarbecht a Sport vum Georges Engel. De Georges Mischo muss sech am Aarbechtsministère nach aschaffen, awer och am Sport geet et fir de Sportsprofesser sécherlech net vum selwen.

Den neie Sportminister Georges Mischo

Vill Leit aus dem Sportsmilieu stelle sech dann och zum Beispill schonn d'Fro, ob de studéierte Sportsproff Georges Mischo da méi Beweegung an den Dossier vum Schoulsport kritt. Konkretes doriwwer steet jiddwerfalls näischt am Koalitiounsaccord am Deel vum Sport.

An no den 100 Deeg, fir sech anzeschaffen, huet den neie Sportminister dann och scho Rendez-vous an eisem RTL-Podcast "Drëtt Hallschent de Sport-Talk".